Sport Climbing Lënster
Tauch an an d’Welt vum Kloteren an erlief zesumme mat eis Aventuren, Spannung a nei Erausfuerderungen.
Mir freeën eis, dech an eisem Kloterveräi wëllkomm ze heeschen!
De Klotterveräin, d’Memberen an eis Hal
Mir sinn eng leidenschaftlech Gemeinschaft vu Kloterer. Eise Veräi vereent Leit aus alle Liewensberäicher an all Alter, déi eng gemeinsam Leidenschaft deelen: d’Kloteren
Eis Membere kommen aus ganz ënnerschiddleche Beräicher, mee all bréngen se hir Begeeschterung a Motivatioun fir de Klammsport mat. Bei eis fënns de souwuel Ufänger wéi och erfuere Kloterer, déi sech géigesäiteg ënnerstëtzen a vunenee léieren.
De Veräin ass net nëmmen eng Plaz fir ze trainéieren, mee och eng Plaz fir Frëndschaft, Abenteuer a perséinleche Wuesstem. Eis Klammhal bitt déi bescht Konditioune fir all Trainingsniveau – vum Ufänger bis zum Avancée.
D‘Memberschaft am Club ass obligatoresch, fir an der Klammhal zu Junglinster Op Fréinen ze kloteren! D’Betriede vun der Klammhal , ouni Erlabnis, ass verbueden.
Eng Plaz fir Gemeinschaft & sportlech Erausfuerderungen
An eiser Veräinshal bidde mir net nëmmen e sécheren an agreabelen Cader fir ze klammen, mee och eng divers Gemeinschaft, déi sech géigesäiteg ënnerstëtzt an inspiréiert. Egal ob’s du en erfuerene Kloterer bass oder grad emol ufänks, bei eis fënns du en Doheem a Leit, déi deng Begeeschterung deelen.
Reegelméisseg ginn nei Routen vun eise benevolle Routesetter ugeluecht. Esou gëtt et ni langweileg!
D’Memberskaart vum Veräin ass obligatoresch fir an der Klammhal zu Jonglënster „Op Fréinen“ klammen ze dierfen! Net autoriséiert Persounen dierfen net an d’Hal.
Wéi al muss ee sinn?
Du kanns ab 8 Joer bei eis kloteren! Eise Veräin heescht Klëmmer vun all Alter häerzlech wëllkomm.
Wat fir Material gëtt gebraucht?
Fir ze klotere brauchs du Sportskleeder, an et ass e Virdeel, wann s du Kloterschong hues. Maach der keng Suergen, wann s du nach keng Ausrüstung hues – Klammgurter a Sécherungsgeräter kanns du bei eis ausléinen, fir dass de direkt lassleeë kanns!
A wat fir enger Sprooch ginn eis Coursen ofgehalen?
Eis Coursen ginn op Lëtzebuergesch gehalen. Mir wëlle sécherstellen, dass all d’Participanten sech wuel fillen an de Cours gutt verstoe kënnen.
D’Plazen si begrenzt, dofir ass eng Umeldung erfuerderlech. Mir bidden e speziellen Training fir eis jéngst Kloterfans un, fir hinnen op spilleresch Aart a Weis d’Klotertechnik méi no ze bréngen.
Och fir eis Teenager hu mir speziell Coursen am Programm. Well d’Plazen limitéiert sinn, ass eng Umeldung obligatoresch. Hei kënnen si hir Fäegkeete weiderentwéckelen an nei Erausfuerderunge meeschteren.
Bei dësem Offer ass en Trainer oder Kontaktpersoun op der Plaz, mee d’Klotere geschitt op eegene Risiko a Verantwortung. Et ass eng super Geleeënheet fir erfuere Kloterer, hir Fäegkeeten ze verbesseren an onofhängeg ze trainéieren.
*Schlëssel-Konzept fir d’Fräikloteren
Ab September 2023 gëtt de Membere vum Fräikloteren d’Méiglechkeet gebueden, d’Klammhal méi dacks ze benotzen, andeems e neit Schlëssel-Konzept agefouert gouf.
Fir e Badge vun der Gemeng ze kréien, mussen awer verschidde Bedingunge beaflosst ginn:
Freiklettern Erwachsene
Freiklettern Erwachsene
Kiddies-Taining
Erwachsenen-Training &
Freiklettern Erwachsene
Freiklettern Erwachsene
Freiklettern Erwachsene
Kiddies-Taining
Erwachsenen-Training &
Freiklettern Erwachsene
Freiklettern Erwachsene
Freiklettern Erwachsene
Kiddies- & Teeniestraining
Teenies-Training
Freiklettern Erwachsene
Freiklettern Erwachsene
W.e.g bedenkt, datt de Klammtraining fir eis Kanner a Teenager op Lëtzebuergesch gehale gëtt. Et ass wichteg ze verstoen, datt dëst aus Sécherheetsgrënn geschitt, well all Instruktiounen a Sécherheetsmoossname verstane musse ginn.
D’Participatioun um Training setzt dofir zwéngend viraus, datt Lëtzebuergesch genuch verstane gëtt, fir d’Sécherheet vun alle Memberen ze garantéieren.
Cotisatiounen & Umeldungsformulairen
D’Memberschaft ass op e Schouljoer bezunn, esou ass Memberschaft 2024/2025 vum September 2024 bis September 2025 gülteg.
Nom Eraschécke vum Umeldungsformular u sekretariat@lensterklammen.lu gëtt Iech eng Rechnung mat der Kontosnummer per E-Mail zougeschéckt.
*2 Mol d’Woch
D’Kiddies- a Teenies-Trainingen si scho fir d’Schouljoer 2024/2025 ausgebucht. Dir kënnt eis awer gär eng E-Mail schreiwen, fir Äert Kand op eis Waardelëscht setzen ze loossen.