Sport Climbing Lënster
Tauch an an d’Welt vum Kloteren an erlief zesumme mat eis Aventuren, Spannung a nei Erausfuerderungen.
Mir freeën eis, dech an eisem Kloterveräi wëllkomm ze heeschen!
De Klotterveräin, d’Memberen an eis Hal
Mir sinn eng leidenschaftlech Gemeinschaft vu Kloterer. Eise Veräi vereent Leit aus alle Liewensberäicher an all Alter, déi eng gemeinsam Leidenschaft deelen: d’Kloteren
Eis Membere kommen aus ganz ënnerschiddleche Beräicher, mee all bréngen se hir Begeeschterung a Motivatioun fir de Klammsport mat. Bei eis fënns de souwuel Ufänger wéi och erfuere Kloterer, déi sech géigesäiteg ënnerstëtzen a vunenee léieren.
De Veräin ass net nëmmen eng Plaz fir ze trainéieren, mee och eng Plaz fir Frëndschaft, Abenteuer a perséinleche Wuesstem. Eis Klammhal bitt déi bescht Konditioune fir all Trainingsniveau – vum Ufänger bis zum Avancée.
D‘Memberschaft am Club ass obligatoresch, fir an der Klammhal zu Junglinster Op Fréinen ze kloteren! D’Betriede vun der Klammhal , ouni Erlabnis, ass verbueden.
Eng Plaz fir Gemeinschaft & sportlech Erausfuerderungen
An eiser Veräinshal bidde mir net nëmmen e sécheren an agreabelen Cader fir ze klammen, mee och eng divers Gemeinschaft, déi sech géigesäiteg ënnerstëtzt an inspiréiert. Egal ob’s du en erfuerene Kloterer bass oder grad emol ufänks, bei eis fënns du en Doheem a Leit, déi deng Begeeschterung deelen.
Reegelméisseg ginn nei Routen vun eise benevolle Routesetter ugeluecht. Esou gëtt et ni langweileg!
D’Memberskaart vum Veräin ass obligatoresch fir an der Klammhal zu Jonglënster „Op Fréinen“ klammen ze dierfen! Net autoriséiert Persounen dierfen net an d’Hal.
Wéi al muss ee sinn?
Eise Veräin heescht Klëmmer vun all Alter häerzlech wëllkomm!
Kanner ënner 18 Joer kënnen beim Fräiklammen matmaachen, wann se vun engem erwuessene Begleeder (18+ Joer) begleed ginn, deen d’néideg Klammtechniken kennt an d’Verantwortung fir d’Kanner iwwerhëlt, an wann béid Member sinn.
Bitt dir Probetraining un?
Aus versécherungstechnesche Grënn bidde mir leider kee klassescht Probetraining un. Mee: Als Member bass du direkt voll mat dobäi – mat Zougang zu all eisen Anlagen an Aktivitéiten! Eis Communautéit ass héich motivéiert, familiär a passt super openeen op. Wann s du Loscht hues op spannend Klettererfarungen, da bass du bei eis genee richteg!
Wat fir Material gëtt gebraucht?
Fir ze klotere brauchs du Sportskleeder. Kloterschong sinn e Virdeel; wann s du keng hues, brauche se propper Sportschong. Klammgurter a Sécherungsgeräter kanns du méindes an donneschdes 19–21 Auer gratis bei eis ausléinen.
A wat fir enger Sprooch ginn eis Coursen ofgehalen?
Eis Coursen ginn op Lëtzebuergesch gehalen. Mir wëlle sécherstellen, dass all d’Participanten sech wuel fillen an de Cours gutt verstoe kënnen.
Bei dësem Offer geschitt d’Klotere op eegene Risiko a Verantwortung. Et ass eng super Geleeënheet fir erfuere Kloterer, hir Fäegkeeten ze verbesseren an onofhängeg ze trainéieren.
Bei dësem Offer gëtt ee vu Traineren begleet, esou wei och Ausflich zu Klammfielsen, inklusive Fräiklamm-Abo.
*Schlëssel-Konzept fir d’Fräikloteren
Säit September 2023 gëtt de Membere vum Fräikloteren d’Méiglechkeet gebueden, d’Klammhal méi dacks ze notzen, andeems e neit Schlëssel-Konzept agefouert gouf.
Fir e Badge vun der Gemeng ze kréien, mussen awer verschidde Bedingunge erfëllen:
Fräikloteren mat Badge
Erwuessenentraining
Fräikloteren mat Badge
Erwuessenentraining
Fräikloteren mat Badge
Erwuessenentraining
Fräikloteren mat Badge
Fräikloteren mat Opsiicht
Fräikloteren mat Badge
Erwuessenentraining
Fräikloteren mat Badge
Erwuessenentraining
Fräikloteren mat Badge
Erwuessenentraining
Memberen hunn elo och Accès an den Vakanzen ausser an der Chreschtwakanz!
Cotisatiounen & Umeldungsformulairen
D’Memberschaft ass op e Schouljoer bezunn, esou ass Memberschaft 2025/2026 vum September 2025 bis September 2026 gülteg.
Nom Eraschécke vum Umeldungsformular u sekretariat@lensterklammen.lu gëtt Iech eng Rechnung mat der Kontosnummer per E-Mail zougeschéckt.
Den Erwuessenentraining gett vu Traineren begleet, enthält Basiswessen, technesch Erklärungen an Training, esou wei och Ausflich zu Klammfielsen
Dës Saison ginn et leider keng Kiddies- an Teenies-Traininger. Mee dofir hu mir d’Freed iech en Erwuessenentraining unzebidden!